Lokal Ënnerstëtzung beim Rekrutéiren vu neie Perséinlechkeeten

Lokal Ënnerstëtzung beim Rekrutéiren vu neie Perséinlechkeeten

Fir d’Lokal-Sektiounen vun de Parteien an de Proporz-Gemengen doranner z’ënnerstëtzen, nei Leit, a besonnesch Fraen, fir sech ze gewannen, awer och fir d’Awunnerinnen an Awunner an de Majorz-Gemengen ze motivéieren, sech an den Déngscht vun hirer Gemeng ze stellen an e perséinlechen Afloss op kommunal Entscheedungen ze huelen, huet eise Ministère zesumme mat enger externer Beroderin e moosgeschneiderte Programm zesummegestalt.

Heibäi léieren déi Persounen, déi sech ëm d’Rekrutéierung vu neie Kandidatinnen a Kandidate beméien, wéi si dëst am beschte bewältegt kréien. D’Kärpunkte vun dëse Formatioune sinn:

    • Strategie beim Recrutement vu neie Kandidatinnen: Wéi eng Visioune kënne kommunizéiert ginn? Wiesou sollt eng Persoun Kandidatin ginn – sief et fir hir eegen Interessen mat anzebréngen oder och fir eng Basisdemokratie ze liewen?
    • Taktik bei der Rekrutéierung: Wéi kënne Lokalsektiounen am Team schaffen, vunenee léieren an Allianzen entwéckelen, sech bäibréngen, hir Zäit, hire Stress an hir Ressourcen ze managen, an effikass ze sinn?
    • Wichtegst Themen vun der eegener Partei: Wéi kënnen dës uspriechend, interessant an awer realistesch verpakt ginn? Wou leien d’Grenze vun deem, wat ee versprieche kann?
    • Wéi fonctionéiert eng Gemeng an hiren demokratesche Prozess um lokale Niveau? Wat sinn heibäi d’Rollen vun de Membere vum Schäfferot, vum Gemengerot a vun de consultative Kommissiounen?
    • Wéi kann ech a punkto Diversitéit Brécke bauen: Fra-Mann, Jonk a manner Jonk, Lëtzebuergesch oder Net-Lëtzebuergesch, beruffstäteg oder net beruffstäteg, beim Staat oder am Privatsektor agestallt, mat kierperlecher Beanträchtegung oder net, Proporz oder Majorz Gemeng?

Dëse Programm ënnerstëtzt eis lokal Politikerinnen a Politiker dobäi, nei motivéiert a begeeschtert Persounen ze rekrutéieren, déi sech vun 2023 un an den Déngscht vun hirer lokaler Bevëlkerung wëlle stellen. A wëll et wichteg ass, an all Gemengerot e gesonde Mix u Fraen a Männer, u jonken a manner jonke Leit, an u Persounen mat verschiddenstem Background ze hunn, spillt besonnesch d’Mixitéit, an heibäi och dës vum aktuell ënnerrepresentéierte Geschlecht – de Fraen – eng wichteg Roll bei de kommende Gemengewahlen.

Sidd Dir u Formatiounen interesséiert oder u weideren Informatiounen interesséiert, da wend Iech w.e.g. per E-Mail un eise Ministère: egaliteitliewen@mega.etat.lu

Zréck