MEGA Plus

Méi Egalitéit?
Fir meng Gemeng e MEGA Plus

D’Gläichstellung vun de Geschlechter ass mat dee wichtegste Schlëssel, fir e gutt Zesummeliewen an der Gemeng ze garantéieren. eise Ministère hëlleft iech, fir déi richteg Aktivitéiten ze fannen, déi bei är Gemeng passen.

Den Dépliant als pdf eroflueden

Wéi kann ech mech als Gemeng fir d’Gläichstellung tëscht de Geschlechter staark maachen?

Sicht iech den Niveau vun der Zesummenaarbecht mat eisem Ministère eraus, deen am beschten bei är Gemeng passt, mir ënnerstëtzen iech dobäi:

Punktuellt Partenariat

Fir Iech ass d’Gläichstellung tëscht de Geschlechter eng politesch Prioritéit, an Dir wëllt elo nach eng spezifesch Aktioun ëmsetzen? Mat enger punktueller Zesummenaarbecht un engem Projet mat eisem Ministère kënnt Dir d’Zesummeliewen an Ärer Bevëlkerung nach stäerken.

Sicht Iech eng konkret Aktivitéit aus eiser Lëscht eraus, déi sech schonns an enger anerer Gemeng bewäert huet.

Erweidert Partenariat

Dir hutt schonn an der Vergaangenheet verschidden Aktiounen an Ärer Gemeng realiséiert, déi op déi ënnerschiddlech Besoine vu Fraen, vu Männer a net binäre Persounen agaange sinn, a wëllt dës nach vervollstännegen, fir d’Wuelbefanne vun all Awunner/Awunnerin ze verbesseren?

Sicht Iech zwou bis véier vun deenen ënne genannten Aktivitéiten (oder eege Projeten) eraus, a setzt dës zäitno, eventuell am Kader vun engem klengen Aktiounsplang, ëm.

Intensiivt Partenariat

Dir hutt bis elo nach keng aktiv Gläichstellungspolitik an Ärer Gemeng realiséiert a wësst net, wou ufänken, oder wat et alles un Aktivitéite gëtt, déi Dir als Gemeng kënnt realiséieren? Dir wëllt d’Prinzippie vun der Gläichstellung och nohalteg bei Iech an der Gemeng verankeren?

Sicht Iech 5 oder méi vun den ënne genannten Aktivitéiten (oder eegene Projeten) eraus, setzt se an engem Aktiounsplang zesummen an ënnerschreift eventuell déi europäesch Charta vun der Gläichstellung tëscht Fraen a Männer op lokalem Plang.

Domaines d'action

Educatioun

Gepräägt duerch d‘Erzéiung, eis Gesellschaft an eist Zesummeliewen, sinn eis Jéngste scho mat geschlechterbezunne Klischeeë konfrontéiert. Eise Ministère huet e ganze Katalog vun Atelieren ausgeschafft, déi d‘Kanner op eng spilleresch Aart a Weis opklären, datt si all Beruff kënne léieren, deen hinne Spaass mécht an hiren Talenter entsprécht.

Bucht eis pedagogesch Ateliere fir Är Schoul oder Maison Relais op eisem Site rockmega

Veräinsliewen

Eng Gemeng zeechent sech duerch hiert Veräinsliewen aus. Si kann och e positiven Afloss op d’Veräiner an d’Clibb ausüben, fir datt si eng Offer ubidden, déi fir béid Geschlechter interessant ass.

Encouragéiert d’Veräiner, fir sech mat de Schüler/Schülerinnen auszetauschen, a si fir Sportaarten ze begeeschteren, déi manner traditionell fir hiert Geschlecht sinn. Ënnersicht, ob Är Gemeng iwwer adequat Infrastrukture verfüügt, esouwuel fir Sportaarten, déi majoritär vu Männer, wéi haaptsächlech vu Frae bedriwwe ginn. Frot d’Sportsclibb an och d’Veräiner am kulturelle Beräich, fir bei hire Portes Ouvertes speziell Reklamm ze maachen, fir nei Memberen aus dem bei hinnen ënnerrepresentéierte Geschlecht ze rekrutéieren.

Mobilitéit, Infrastrukturen

Mobilitéit betrëfft eis all, mee ass net ëmmer op déi eenzel Besoine vun eiser Bevëlkerung ausgeriicht, déi duerch déi dacks verschidde Liewenssituatioune vu Fraen a Männer variéiere kënnen. Och d’Infrastruktur ronderëm d’Mobilitéit spillt eng wichteg Roll: sinn d’Busarrête gutt verdeelt a sécher z‘erreechen? Sinn d’Horaire kompatibel mat de Besoine vun der Bevëlkerung?

Als Gemeng kënnt Dir eng Ëmfro bei den eenzelen Zilgruppe maachen, fir erauszefannen, ob d’Besoinen a Saache Mobilitéit an Transport op déi aktuell Offer passen. Dir kënnt och e „Ruffbus“ organiséieren, dee Kanner an de Sport oder Museksunterrecht féiere kann, oder eeler Leit bei hir Dokter/Doktesch-Ren- dezvouse brénge kann. E „Pedibus“, zesummegestallt aus Benevollen, erlaabt et, Kanner sécher an eko- logesch an d’Schoul ze bréngen.

Preventioun vun haislecher Gewalt

Gewalt am Stot kënnt an alle soziale Schichte vir. Dofir ass si och ni eng Privatsaach, déi een einfach esou hin huelen oder toleréiere sollt. Als Gemeng kënnt Dir heibäi esouwuel präventiv virgoen, wéi och d’Affer ënnerstëtzen.

Stellt den Affer eng Wunnméiglechkeet zur Verfügung. Sensibiliséiert d’Personal vum Office Social. Bucht eist interaktiivt Theaterstéck a féiert et an Ärer Gemeng op: https://violence.lu/portfolio/le-theatre-forum

Responsabilitéit an Entscheedungskraaft um Niveau vum Personal

Eng gemëschte Beleegschaft steigert net nëmmen d’Zefriddenheet vum ganze Personal op der Aarbechtsplaz, mä och d’Produktivitéit, well bei all Entscheedung verschidde Bléckwénkele kënne consideréiert ginn.

Ënnerstëtzt och Dir d’Mixitéit bei Ärem Personal. Beméit Iech, fir béid Geschlechter op responsabel Posten opzestellen. Offréiert wa méiglech flexibel Aarbechtszäiten. Promouvéiert den Elterecongé net nëmme fir d’Fraen.

Responsabilitéit an Entscheedungskraaft um Niveau vun de politesche Responsabelen

Eng Mixitéit am Schäffen- an am Gemengerot féiert dozou, datt d’Bierger/Biergerinnen sech optimal vertruede spieren. Och wann d’Bevëlkerung d’Kandidaten/Kandidatinne wielt, esou kann eng Gemeng awer dat ënnerrepresentéiert Geschlecht motivéieren, sech an der Politik z’engagéieren.

Sicht de Kontakt zu engagéierte Leit am Veräinsliewen a motivéiert si, de Schrëtt eriwwer an d’Politik ze woen. Suergt dofir, datt eng interesséiert Persoun eng gutt Aféierung an d’Roll vun der politescher Vertrie- dung an an d’Fonctionnement vun der Gemeng kritt. Bucht iwwert eise Ministère e Coach fir e Mentoring vu neie Kandidaten/Kandidatinnen. Organiséiert eng Porte Ouverte, wou Dir de Leit de politeschen Alldag an der Gemeng méi no bréngt.

Fir méi Informatiounen, kontaktéiert eis iwwer communes@mega.etat.lu

Formatiounen

Dir wëllt als Gemeng Formatiounen ubidde fir eng aktiv Gläichstellungspolitik z’erméiglechen oder dës an den Alldag op der Aarbecht mat anzebannen?

Bitt de Membere vun Ärer consultativer Kommissioun, Ären Delegéierte fir d’Egalitéit, oder generell Ärem Personal Formatiounen iwwert d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer un. Kontaktéiert eis, fir méi iwwert d’Formatiounen déi vun eis an eise Partnerorganisatiounen ugebuede ginn, gewuer ze ginn: communes@mega.etat.lu

Interaktive Workshop

Organiséiert interaktiv Workshoppen zu Theme wéi Rollebiller, Sexismus oder Diskriminéierung am Alldag, déi Dir entweder an enger Konferenz fir d’Bevëlkerung, oder an enger Formatioun fir Äert Personal kënnt buchen.

Fir méi Informatiounen, kontaktéiert eis iwwer communes@mega.etat.lu

Geschlechtersensibel Sprooch an der Kommunikatioun

Ob am Schrëftverkéier oder am Alldag, genee wéi an de soziale Medien, iwwerall spillt déi gewielte Kommunikatioun eng wichteg Roll.

Passt op geschlechtersensibel Formulatiounen op an ärem Gemengebuet, an op Ärem Internetsite. Maacht eng kritesch Analyse vun Ären offiziellen Dokumenter a Formulairen, aus dem Bléckwénkel vun der Gläichstellung tëscht Fraen a Männer.

Lutte géint d‘Stereotyppen

Wann Dir Iech als Gemeng géint geschlechterbezunne Stereotyppen engagéiere wëllt, da kënnt Dir eng Ausstellung, eng Konferenz, e Concours, e Spill oder en anert Evenement organiséieren, mam Zil, d’Mënschen zum Nodenken iwwert déi festgeluechte Rolle vu Fraen a Männer an der Gesellschaft unzereegen.

Kontaktéiert de Ministère fir konkret Ureegungen oder Initiativen zu dësem Thema: communes@mega.etat.lu

Verfügbarkeet vu gratis Menstruatiounsartikelen op den ëffentlechen Toiletten an der Gemeng

D'Hygienes-Produkter fir d'Menstruatioun ginn dacks nach als Luxus-Produiten ugesinn an als solcht och héich besteiert a ville Länner.

Lëtzebuerg huet an dësem Fall d'Steiergesetz g'ännert am Joer 2019 an doduercher konnt d'TVA op deenen Artikelen erofgesat ginn.

Zu Walfer si se nach e Schrëtt weider gaang a stellen déi Artikelen elo gratis zur Verfügung an den ëffentlechen Toilette vun der Gemeng. Do sinn dës Artikelen a speziell duerfier virgesinnenen, hëlze Këschten disponibel, déi een an allen ëffentlechen Toiletten zu Walfer eremfënnt. https://mega.public.lu/fr/comm...

Gläichstellung vun der Pai fir d'Botzpersonal mat där fir d'Gemengenaarbechter

D'Botzpersonal an de Gemengen gëtt dacks no de Reegele vum Privat-Secteur bezuelt, mat engem spezielle Kontrakt, dee mat de Gemengeresponsabelen ausgehandelt gëtt. Well de gréissten Deel vum Botzpersonal normalerweis weiblech ass a well d'Gemeng natierlech versicht en ekonomesch méi spuersame Kontrakt auszehandelen, entsteet op déi Aart a Weis dacks eng indirekt Diskriminatioun an der Pai fir d'Botzpersonal vis à vis vun de Gemengenaarbechter, déi normalerweis éischter männlech sinn.

Zu Monnerech hunn d'Gemengeresponsablen décidéiert, dass d'Botzpersonal laut derselwechter Grille Salariale bezuelt gëtt, déi och fir d'Gemengenaarbechter gëllt. Esou kënne së eng indirekt Diskriminatioun tëscht Fraen a Männer andämmen, andeems fir eng gläichwerteg Aarbecht op deemselwechten Niveau och diselwecht Pai bezuelt gëtt.

Harmonisation vum Joresbudget fir d'Kommissiounen an der Gemeng

Di berodend Kommissiounen an de Gemenge sin no Thema an Haaptinteressepunkten opgedeelt. All Kommissioun huet hir eegen Themen duerchzesetzen a soll an deem jeweilege Beräich dann och konkret Pläng an ëffentlech Aktioune virschloen an duerchsetzen fir d'Situatioun an deem betreffende Beräich ze verbesseren fir d'Bevëlkerung um Territoire vun der Gemeng.

Zu Dikrech hunn d'Gemengeresponsablen décidéiert, dass all Kommissioun an der Gemeng en eegen ze verwaltende Joresbudget kritt, dee fir all Kommissioun dee selwechten ass. Dat beinhalt natierlech och d'Chancegläichheetskommissioun. Andeems se esou virginn erlaben se all Kommissioun net nëmmen, méi autonom z'agéieren, mee responsabiliséiert se och hire jeweilege Joresbudget an hirem Beräich auszeginn.

Doduercher gëtt indirekt séchergestallt, dass an all Beräich an themateschëm Schwéierpunkt uerchtert d'Joer och Aktiounen a Projeten duerchgesat ginn.

Eppes iwwert de Fraefussball zu Lëtzebuerg léieren

An Europa gouf de Verbuet vu Fraefussball eréischt an de 70er Joeren opgehuewen. Ab dësem Zäitpunkt hu sech och zu Lëtzebuerg éischt Fraefussball-Clibb gegrënnt. Et war allerdéngs e wäite Wee, bis sech de Sport och fir Fraen implantéiert huet. Fir Kanner a Jugendlecher ass et wichteg, ze wëssen, datt all Sportart fir béid Geschlechter kann attraktiv sinn.

Weist de Film "Um Ball”, e spannenden Documentaire iwwert de Fraefussball, e Kapitel an der Lëtzebuerger Sportgeschicht, wou et nach vill ze entdecke gëtt. Dir hutt d’Méiglechkeet, de Film an Ärer Gemeng, Grondschoul oder am Lycée ze weisen. Frot Iech eng Kopie vum Film un, andeems Dir eng E-mail op unedeuxasbl@gmail.com schéckt.

Reservéiert, zousätzlech zur Virféierung vum Film, eng kleng Diskussiounsronn (20-30 Minutten) mat der Realisatrice vum Documentaire. Si presentéiert eng Aféierung an d’Recherche a Saache Gläichstellung tëscht Fraen a Männer, d’Wichtegkeet fir dës Resultater ze dokumentéieren, d’Geschicht vun de Fraerechter zu Lëtzebuerg souwéi déi strukturell Ongläichheeten, déi et ëmmer nach an der Welt vum Sport ginn. Dës Offer ass speziell adaptéiert fir Schüler/innen aus engem Lycée. Reservéiert esou eng Diskussiounsronn per E-Mail un education@mega.etat.lu

Orange Week - Table ronde

Dir wëllt en Evenement organiséieren, dat ganz visibel ass an e groussen Impakt op de Kampf géint Gewalt géint Fraen a Meedercher huet? Organiséiert eng Table Ronde am Kader vun der Orange Week.

Am Kader vun der nationaler Sensibiliséierungscampagne ORANGE WEEK, déi d'Eliminatioun vu Gewalt géint Fraen a Meedercher ustrieft, hat d’Gemeng Schëffleng am Dezember 2022 eng Table Ronde zum Thema 'Haislech Gewalt - de Wee eraus' / 'Violence conjugale - la voie de sortie' organiséiert.

Op Ufro vun de Participanten a vu Leit, déi um Terrain schaffen, huet d'Gemeng Schëffleng hir Table Ronde filmen an iwwersetze gelooss (FR|EN), fir dass d’Informatiounen net verluer ginn an am Kader vun der Aarbecht um Terrain kënne genotzt ginn. Hei de Link vum Video.