Praktesche Guide fir unzefänken (Starter-Kit)

Praktesche Guide fir unzefänken (Starter-Kit)

Wëllt Dir, als Gemeng oder als Berodungskommissioun, en éischte Projet am Beräich vun der Gläichstellungspolitik starten?

Maacht fir d’éischt e Brainstorming iwwert all Aktivitéitsberäicher, déi Dir an Ärer Gemeng fërdere wëllt, a bezitt Iech dobäi op d’Lëscht vun den Ziler aus der Europäescher Charta. Setzt Iech 3 – 5 Prioritéiten, mat deenen Dir wëllt ufänken.

Dir hutt d’Wiel tëscht verschiddene Beräicher, an et ass net ëmmer einfach, déi richteg Wiel ze treffen. Dir fannt hei ënnen eng Auswiel vun Ziler, déi Iech den Ufank méi liicht maachen. Falls néideg, kënnt Dir e Subsid vum Ministère ufroe fir Äre Projet ze finanzéieren.

Kampf géint d’Stereotypen

Dëst Zil erméiglecht et Iech, un Aktioune fir d’Allgemengheet ze schaffen, déi e Maximum u Leit interesséiere kéinten.

Dat kann eng Ausstellung, eng Konferenz, e Concours, e Spill oder en anert Evenement sinn, mam Zil, d’Mënschen zum Nodenken iwwert déi festgeluechte Rolle vu Fraen a Männer an der Gesellschaft unzereegen.

Dir kënnt Iech och u Campagnen oder Initiative vum Ministère oder aneren Organisatiounen bedeelegen,

z. Bsp. un der Initiativ vum CNFL fir d’Ännere vu Stroossennimm a weiblech Nimm.

Educatioun

D’Maison Relais oder Schoule si fantastesch Plaze fir zesumme mat Kanner Aktiounen ze starten.

Iwwert dem Spille kënne Kanner sech ausdrécken an hir Fantasie entwéckelen, mee d’Spiller and d’Spillsaachen beaflossen och Geschlechterstereotyppen. Fir dëse Geschlechterstereotyppen entgéint ze wierken, déi vu Klengem un an ons verankert sinn, kann eng Gemeng oder eng Berodungskommissioun Sensibiliséierungscampagnen initiéieren oder Formatioune fir qualifizéiert Personal a Familljen organiséieren.

Dir kënnt hei och un Sensibiliséierungscampagnen deelhuelen, déi vum Ministère organiséiert ginn.

Thematesche Site vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend

Kultur a Sport

Dës Zilsetzung erméiglecht et Iech, aus engem breede Spektrum vun Aktiounen auszewielen, well Kultur, Sport- a Fräizäitaktivitéite concernéieren, op déi eng oder aner Aart a Weis, jiddereen.

Huelt zum Beispill de Sport. Dacks hu Meedercher a Jongen ënnerschiddlech Sportwelten. Dat kann zu Diskriminatioun féieren. Am Profisport sinn d’Ënnerscheeder bei de Salairen e kloren Indicateur dofir.

Als Gemeng oder Berodungskommissioun kéint Dir Aktiounen auswielen, déi den Zougang vu Meedercher a Fraen zu manner traditionelle Sportaarte fir hir Geschlecht uspriechen. Dir kéint zum Beispill Treffe mat Schüler an de Schoulen organiséieren, fir si op atyppesch sportlech Aktivitéiten a Veräiner opmierksam ze maachen, mam Zil, méi e breede Spektrum un Aktivitéiten ze presentéieren, ouni déi üblech Klischeeën ze berécksiichtegen.

Eng aner kulturell Aktioun: Vill Gemengen hu Bibliothéiken oder e Bicherschaf am ëffentleche Raum. Denkt drun, vill Bicher fir béid Geschlechter a fir all Altersgruppen zum Thema Gläichberechtegung unzebidden (Cid-Fraen a Gender).

Member ginn

Sidd Dir interesséiert , als Gemeng/Berodungskommissioun méi gewuer ze ginn?

Schéckt de Formulaire hei ënne w.e.g. komplett ausgefëllt zréck.

Mir kontaktéieren Iech dann esou séier wéi méiglech.

Gitt Member vum Reseau