Reseau vun de Gläichstellungsdelegéierten

Reseau vun de Gläichstellungsdelegéierten

Tauscht Iech mat anere Gemengen aus a gitt Member vum Reseau vun de Gläichstellungsdelegéierten.

De Reseau vun de Gläichstellungsdelegéierten an de Gemengen ëmfaasst all Gemengenaarbechter a -Beamten, déi mat den Aufgabe betraut sinn, déi am groussherzogleche Reglement vum 11. September 2006 festgeluecht sinn, an déi d’Nominatiounsprozedur esou wéi d’Rechter an d’Flichte vun de Gläichstellungsdelegéierten an de Gemengen, de Gemengesyndikater an an den ëffentlechen Ariichtungen, déi ënner Gemengenopsiicht stinn, festleet.

D’Funktioun vun der/vum Gläichstellungsdelegéierter/en gouf an den Allgemenge Statut vun de Gemengebeamten am Artikel 43bis opgeholl.

D’Gläichstellungsdelegéiert hunn eng Schlësselfunktioun, déi am Nationalen Aktiounsplang vun der Lëtzebuerger Regierung fir d’Gläichstellung vu Fraen a Männer (2018-2023) festgeluecht ass (Kapitel V).

De Ministère fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer luet d’Delegéierte vun de Gemenge reegelméisseg op Treffen an, fir sech auszetauschen an ze beroden.

De Site fir d'Gläichstellungsdelegéiert

Mam Zil, fir d'Gläichstellungsdelegéiert an e permanente Reseau ze setzen, deen et hinnen erlaabt, sech och ausserhalb vun de formelle Reuniounen auszetauschen, gouf e neie Site speziell fir si kreéiert: www.megadelegates.lu. Dëse Site liwwert hinnen wichteg Informatiounen, fir hir Missiounen z'erfëllen. Hie stellt hinnen déi lescht Aktualitéite vir, déi mat hire Missiounen a Relatioun stinn, Modeller vu nëtzlechen Dokumenter an en Annuaire, deen d'Gläichstellungsdelegéiert aus dem ëffentleche Secteur regruppéiert. En interaktive Forum um Site erlaabt et de Notzer/-innen, hir Erfarungen auszetauschen, Froen ze stellen a laangfristeg Relatioune mat hiren Homologen opzebauen.

www.megadelegates.lu


Règlement grand-ducal vum 11. September 2006

Allgemenge Statut vun de Gemengebeamten

Nationalen Aktiounsplang fir d’Gläichstellung vu Fraen a Männer