
Mir belounen Är Efforten
E Präis fir déi bescht Beispiller aus de Gemengen
Mat dësem neien Encouragementspräis hieft de Ministère déi Gemengen ervir, déi hir Bereetschaft gewisen hunn, sech fir e bessert Zesummeliewe vu Fraen a Männer an hirer Gemeng am Joer 2020 anzesetzen.
D’Lëscht vun de Gewënner
Den Engagement vun de Gemenge Stengefort, Clierf a Mertert fir d’Gläichstellung vu Fraen a Männer gouf am Joer 2020 gewierdegt. D’Ministesch fir d‘Gläichstellung tëscht Fraen a Männer, d’Madam Taina Bofferding, huet hinnen e Präis iwwereecht, deen zu weidere bewäärte Methode fir d’Gläichstellung op lokalem Niveau ureege wärt.
D’Gewënnergemengen hu sech verflicht, eng Bestandsopnam vun der Situatioun vun der Gläichstellung vu Fraen a Männer an hirer Gemeng ze maachen an dësen Usaz an hir zukünfteg politesch Iwwerleeungen mat anzebezéien.
Mat dësem Encouragementspräis mécht d‘Ministesch de Wee fräi fir d’Vergi vun engem kommunale Präis fir déi bescht Gläichstellungspraktiken, deen all Joer un déi verdéngte Gemengen iwwerreecht gi soll.
LA MEILLEURE PRATIQUE COMMUNALE
LA MEILLEURE PRATIQUE COMMUNALE
LA MEILLEURE PRATIQUE COMMUNALE
LA MEILLEURE PRATIQUE COMMUNALE