Sécherheet
D'Gemeng suergt fir Sécherheet op hirem Territoire an erkennt, dass et Ënnerscheeder an de Besoinen vu Fraen a Männer an deem Beräich ka ginn.
Ausgangsfroen
- Wat sinn d'Kompetenzen vun de lokalen Autoritéiten a Saache Sécherheet ?
- Wat kann den Impakt op di lokal Bevëlkerung sinn a wéi kann een dee moossen ?
Gutt Beispiller
D'Gefill vun der Onsécherheet duerch Ëmfroen bei der Lokalbevëlkerung ermëttelen, an dobäi den Gender-Aspekt berücksichtegen.
Di ëffentlech Beliichtung um Territoire vun der Gemeng revidéieren, falls e Gefill vun der Onsécherheet bei desen Ëmfroen erauskoum. Dobäi ëmmer deene verschiddene Besoine vun deenen zwee Geschlechter Rechnung droen.
Sidd Dir, als Gemeng, gewëllt méi gewuer ze ginn ?
Da fëllt dese Formulaire aus a mir kommen, sou séier et méiglech ass, op Iech zréck.