Demokratesch Responsabilitéit
D'Recht op Gläichstellung ass eng fundamental Viraussetzung vun der Demokratie. D'Gemeng verflicht sech, di konkret Ëmsetzung vun dësem Recht ze verbreeden an z'ënnerstëtzen, an dat an all hire Kompetenzberäicher.
Ausgangsfroen
- Wat versti mir ënnert "Demokratesch Responsabilitéit am Kontext vun de Gemengen" ?
- Wéi kann een di lokal Bevëlkerung um demokratesche Prozess an der Gemeng deelhuele loossen ?
- Wéi kann een d'Gläichstellung tëscht Fraen a Männer an dese Prozess mat abannen ?
Gutt Beispiller
Déclaration d’intention vum Buergermeeschter, der Buergermeeschtesch a vum Schäfferot: eng intern "Charte des Valeurs" ausschaffe loossen, déi op Gläichbehandlung an Net-Diskriméirung berouht.
D^Gemeng ernimmt eng Persoun als Gläichstellungs-Délégéierten um politeschen Niveau wéi och fir d'Verwaltung an dat technescht Personal.
Sidd Dir, als Gemeng, gewëllt méi gewuer ze ginn ?
Da fëllt dese Formulaire aus a mir kommen, sou séier et méiglech ass, op Iech zréck.