Politesch Vertriedung
D'Gemeng verflicht sech, all appropriéiert Mesuren ze huelen fir aktiv eng ausgeglache Vertriedung vu Fraen a Männer op de politeschen Decisiounsposten z'ënnerstëtzen an ze verdeedegen.
Ausgangsfroen
- Wat versti mir ënnert "ausgeglache politesch Vertriedung" am Kontext vun der Gemeng ?
- Wéi kann een dëst Zil, um politesche Plang an um Niveau vun der berodende Commissiounen an de Gemengen, ëmsetzen ?
Gutt Beispiller
Als Gemeng deelhuelen un der Medie-Campagne vum Ministère fir d'Gläichstellung vun de Fraen an de Männer, während de Gemengewahlen.
Op d'Verdeelung vun de Geschlechter uecht ginn bei der Nennung vun de Vertriederinnen a Vertrieder vum Gemengerot bannent de verschiddene Sozial-Institutiounen (Office social, Seniorenheemer...).
Op di ausgeglache Vertriedung vu Fraen a Männer uecht ginn an de Commissiounen, di vum Gesetz hier virgesi sinn (Bautecommissioun, Bildungscommissioun, Integratiounscommissioun).
D'Schafe vun enger Gläichstellungscommissioun ënnerstëtzen, am Hibléck op di ausgeglache Vertriedung vun deene zwee Geschlechter.
Sidd Dir, als Gemeng, gewëllt méi gewuer ze ginn ?
Da fëllt dese Formulaire aus a mir kommen, sou séier et méiglech ass, op Iech zréck.