Deelhuelen um politeschen an ziville Liewen

Praktesche Guide fir unzefänken (Starter-Kit)

Wëllt Dir e Projet am Beräich vun der Gläichstellungspolitik tëscht Fraen a Männer ufänken ?

Guide fir unzefänken
De Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten

Tauscht Iech mat anere Gemengen aus a gitt Member vum Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten.

De Réseau
Gemenge-Präis

Mir belounen Är Efforten: De Gemenge-Präis fir di beschte Beispiller.

D'Laureaten

Deelhuelen um politeschen an ziville Liewen

D'Gemeng ënnerstëtzt d'Deelhuelen vun de Biergerinnen a Bierger un der Verwaltung an um ëffentleche Liewen.

Ausgangsfroen

  • Wat versti mir ënner "Deelhuelen um politeschen an ziville Liewen" am Kontext vun der Gemeng?
  • Wéi kann een dëst Zil ëmsetzen, um politesche Plang, wéi och an de Kommissiounen, an de Clubs an an den Associatiounen?

Gutt Beispiller

Interaktiv Atelieren op d'Bee stellen an ënnerstëtzen, souwuel a physescher Präsenz wéi um virtuellen Niveau gehalen, bei all Fro déi d'Awunnerinnen an d'Awunner betreffen. Dobäi besonnesch uecht ginn op déi ënnerschiddlech Liewensweise vun de Fraen a Männer.

D'Méiglegkeet vun engem partizipative Budget ënnersichen, d.h. di lokal Bevëlkerung mat abezéihen an de Prozess vum Stëmme vum Gemenge-Budget, andeems een di spezifesch Besoinen vun deenen zwee Geschlechter am Aa behällt.

D’Gläichstellung an der Entscheedungskompetenz fërdere bei Organer, déi net direkt vun der Gemeng ausginn, mä déi mat de Gemengenautoritéiten zesummeschaffen (Syndicats d’initiative, A.s.b.l.-en, Quartier-Vereenegungen, …).

Eng paritéitesch Representatioun vu Fraen a Männer an de consultative Kommissiounen uviséieren, souwéi och versichen, Representanten aus minoritäre Gruppen z’integréieren (auslännesch oder reliéis Minoritéiten, …). Jee nodeem, iwwert d’Aféierung vun engem deementspriechenden Eintrag an d’Reglement iwwert dat internt Fonctionnement vun der Kommissioun nodenken.

Mat Hëllef vun der Kommissioun vum interkulturellen Zesummeliewen déi auslännesch Bevëlkerung mobiliséieren, fir sech an d’Wielerlëschten anzedroen (iwwert d’Verschécke vu personaliséierte Bréiwer, Annoncen am Gemengebuet, …).

Sproochen- an Integratiounscoursen an der Gemeng oder op regionalem Niveau organiséieren.

Dorop oppassen, dass d’Lokalitéiten an den Inhalt vu Workshoppen accessibel sinn (live Iwwersetzung, Garderie fir d’Kanner, …).

Op déi visuell Kommunikatioun am Virfeld vun Atelieren oppassen: Sicht och Fotoen aus, déi Frae weisen, déi aktiv un den Atelieren deelhuelen.

Reegelméisseg online Consultatiounen organiséieren.

Eng Porte Ouverte an der Gemeng organiséieren mat engem fiktive Gemengerot fir Kanner an all Awunnerinnen an Awunner. Beispill: Video vun der Porte Ouverte an der Gemeng Nidderaanwen am Oktober 2022


Sidd Dir, als Gemeng, gwëllt méi gewuer ze ginn?

Da fëllt dese Formulaire aus a mir kommen, sou séier et méiglech ass, op Iech zréck.

Kontakt


All d'Ziler gesinn