Formatioun a Weiderbildung
An de Limite vun hirem Kompetenzberäich fuerdert d'Gemeng d'Gläichstellung am Domaine vun der Formatioun an der Weiderbildung.
Ausgangsfroen
- Wat fir eng Léier-Institutiounen (Maison relais, Schoulen, Weiderbildungszentren) stinn der Gemeng zur Verfügung, déi kënnen sensibiliséiert ginn op deem Niveau ?
- Wéi kann een un d'Personal an un d'Verwaltung vun deenen Instituter eruntrieden fir dës Ziler bekannt ze maan ?
Gutt Beispiller
D'Personal vun deene Léier-Institutiounen um Terrain encouragéiren fir bei den Actiounen a Campagnen zur Sensibilisatioun op d'Gläichstellung matzemaan, déi souwuel an Eege-Régie wéi och mat anere Partner op d'Bee gestallt goufen.
Wann Dir Deel vun engem Weiderbildungs-Réseau sidd, da gitt der Verwaltung vun desem Réseau dëst Zil weider an organiséiert eventuell Weiderbildunge fir Erwuessener an deem Beräich an Ärer Gemeng.
Sidd Dir, als Gemeng, gewëllt méi gewuer ze ginn ?
Da fëllt dese Formulaire aus a mir kommen, sou séier et méiglech ass, op Iech zréck.