Gesondheet

Praktesche Guide fir unzefänken (Starter-Kit)

Wëllt Dir e Projet am Beräich vun der Gläichstellungspolitik tëscht Fraen a Männer ufänken ?

Guide fir unzefänken
De Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten

Tauscht Iech mat anere Gemengen aus a gitt Member vum Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten.

De Réseau
Gemenge-Präis

Mir belounen Är Efforten: De Gemenge-Präis fir di beschte Beispiller.

D'Laureaten

Gesondheet

D'Gemeng verflicht sech, gesond Liewensstiler ze fuerderen, sougutt fir d'Fraen wéi och fir d'Männer.

Ausgangsfroen

  • Wat fir eng Sensibilisatiouns-Mesure kann d'Gemeng huelen fir dësst Zil z'erreechen?
  • Wéi kann een d'Preventioun bei der lokaler Bevëlkerung ugoen, ënnert dem Aspekt vum Gender?
  • Mat wéienge Partner kann ee sech zesummendin fir dëst Zil z'erreechen?

Gutt Beispiller

D'Ëffentlechkeet iwwert d'Wichtegkeet vun engem gesonde Liewenswandel informéieren, iwwert di eenzel Mesuren vun der Preventioun andeems ee méi bestëmmt op di zwee Geschlechter ageet.

Proposéiert eng ofwiesselungsräich a gesond Ernierung aus lokaler a saisonaler Produktioun an der Kantin vun Ärer Maison relais, beim Iessen op Rieder an an de Seniorenheemer.

Organiséiert Kachcourse speziell fir Jonker, vum Genre „Wat géift Dir zu frëschem Geméis aplaz vu Fastfood soen?“. Zu Diddeleng ass et och e Cours gi mam Numm „Kache mat wéineg Geld“, dee sengen Participante-n gewisen huet, wéi een aus Reschter vun alem Iessen e neie Plat kann zoubereeden.

Offréiert sportlech Aktivitéite speziell fir Fraen a Meedercher. D’Stad Esch proposéiert ënnert anerem an hirem Programm „Intégration par le Sport“ esou Aktivitéiten, déi gläichzäiteg d’Integratioun vun alle Kulture fërderen.

Maacht mat bei der Campagne „#BEACTIVE“ vum Sportsministère.

Maacht mat bei der „Nuit des Sports“, déi feste Bestanddeel vun der nationaler Campagne „Gesond iessen, méi beweegen“ ass.

Bekämpft den Alkoholmëssbrauch, d’Fëmmen an d’Drogesucht, andeems Dir Iech beispillsweis un der Kampagne „Keen Alkohol ënner 16 Joer“ bedeelegt.

Stellt Gemeinschaftsgäert zur Verfügung. Esou eng Initiative schléisst net nëmmen d’Leit zesummen, mä bréngt och Jonk an net esou Jonk d’Gaardenaarbecht méi no. Hei e Beispill vun esou engem Gaart an der Gemeng Suessem. Esou Gäert ginn et och an de Gemengen Beetebuerg, Diddeleng, Gréiwemaacher, Miersch, Nidderaanwen, Schëtter a Steesel.

Lancéiert en Informatiouns-, Sensibiliséierungs- oder e Formatiouns-Projet mam CESAS, dem nationale Referenz-Zenter fir d’Promotioun vu séilescher Gesondheet a Sexualitéit. Promouvéiert eng sexuell a reproduktiv Gesondheet, déi fräi vu Stereotyppen par Rapport zur Roll vu Fraen a Männer ass, an Zesummenaarbecht mam Planning familial.


Sidd Dir, als Gemeng, gewëllt méi gewuer ze ginn?

Da fëllt dese Formulaire aus a mir kommen, sou séier et méiglech ass, op Iech zréck.

Kontakt

All d'Ziler gesinn