Multipel Diskriminatiounen

Praktesche Guide fir unzefänken (Starter-Kit)

Réseau des délégués à l'égalité

Gemenge-Präis

Multipel Diskriminatiounen

Iwwert d'Gläichstellung vun de Fraen a Männer erausgoend, setzt d'Gemeng sech an fir d'Bekämpfung vun all Form vun Diskriminéirung, sief dat um Niveau vum Alter, der Behënnerung, der Race, de sozialen oder ethnesche Wuerzelen, der Sprooch, dem Glaawen, de politeschen Iwwerzeegungen oder der sexueller Orientatioun.

Ausgangsfroen

  • Wéi kann d'Gemeng en "Etat des lieux" maachen iwwert d'Presenz vu multiplen Diskriminéirungen bei der lokaler Bevëlkerung ?
  • Wéi eng Partner kéimen a Fro fir ze hëllefen, desen "Etat des lieux" opzestellen a matzehëllefen, di festgestalten Diskriminéirungen an diskriminatoresch Situatiounen, ofzebauen ?

Gutt Beispiller

E lokale Guide ausschaffen, deen iwwert all Gemenge-Servicer informéiert an dobäi secherstellen, dass e gläichgestallten Accès zu dese Leeschtungen fir all Geschlecht ginn ass, a fir all aner Kategorie vu Leit déi um Territoire vun der Gemeng wunnen.


Sidd Dir, als Gemeng, gewëllt méi gewuer ze ginn ?

Da fëllt dese Formulaire aus a mir kommen, sou séier et méiglech ass, op Iech zréck.

Kontakt

All d'Ziler gesinn