De Stereotyppen entgéintwierken

Praktesche Guide fir unzefänken (Starter-Kit)

Wëllt Dir e Projet am Beräich vun der Gläichstellungspolitik tëscht Fraen a Männer ufänken ?

Guide fir unzefänken
De Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten

Tauscht Iech mat anere Gemengen aus a gitt Member vum Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten.

De Réseau
Gemenge-Präis

Mir belounen Är Efforten: De Gemenge-Präis fir di beschte Beispiller.

D'Laureaten

De Stereotyppen entgéintwierken

D'Gemeng verflicht sech, sou gutt et geet de Viruerteeler, praktescher Natur wéi och am verbale Sproochgebrauch an an de Biller déi véhiculéiert ginn, entgéintzewierken. Néirens sollt d'Iwwerleeënheet vun deem engem oder deem anere Geschlecht ënnertstëtzt ginn.

Ausgangsfroen

  • Iwwert wat fir eng Mëttelen verfügt d'Gemeng fir intern a mat der lokaler Bevëlkerung ze kommunizéieren?
  • Wéi sollt een eng op verschidden Zilgruppen ofgeriicht Sensibilisatioun zum Thema vun de Geschlechterstereotypen organiséieren?

Gutt Beispiller

Sécherstellen, dass an all ëffentlechem Gemengendokument op eng Aart a Weis kommunizéiert gëtt, dass stereotypéiert Biller a Riedewendunge konsequent evitéiert ginn.

Déi Gewielten, d’Membere vun de consultative Kommissiounen an d’Gemengepersonal encouragéieren, fir un de Formatiounen iwwert d’Gläichbehandlung tëscht Fraen a Männer deelzehuelen, déi vum Institut national d’Administration publique (INAP), dem Ministère an dem Nationale Fraerot (Conseil national des femmes du Luxembourg, CNFL) organiséiert ginn. www.inap.lu | www.cnfl.lu

Konferenzen, Tables rondes oder Ausstellungen organiséieren, fir d’Ëffentlechkeet iwwert d’Froen ze sensibiliséieren, déi d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer betreffen.

An Zesummenaarbecht mam zoustännege Personal, reservéiert Ateliere géint geschlechterbezune Stereotyppe fir Schoulen, Maison relais a Jugendclibb, déi vum Ministère a senge Partner organiséiert ginn. www.rockmega.lu

Ënnerstëtzt d’Verweiblechung vun Titelen a Funktiounen an der Gemengeverwaltung.


D'Gemeng Stroossen huet e geschlechter-neutralt Kaartespill zum Weltfraendag vum 8te Mäerz verdeelt, wou "Kinnék-Damm-Bauer" duerch "Gold-Sëlwer-Bronze" ersat goufen.


Mëttels enger Ausstellung vu Fotoen a Video-Aussoen fuerdert d'Gemeng Klierf hier Biergerinnen a Bierger op, sech a Beruffskleedung ofliichten ze loossen, fir esou op geschlechterbezunnen Stereotyppen an der Beruffswelt opmierksam ze maan. Et solle Fraen a Männer, virzugsweis an hirer Beruffskleedung, gewise ginn, déi dann och e bëssi eppes zu hirem fir hiert Geschlecht ontypesche Beruffsparcours soen.


Sidd Dir, als Gemeng, gewëllt méi gewuer ze ginn?

Da fëllt dese Formulaire aus a mir kommen, sou séier et méiglech ass, op Iech zréck.

Kontakt

All d'Ziler gesinn