Gutt Administratioun a Berodung

Praktesche Guide fir unzefänken (Starter-Kit)

Wëllt Dir e Projet am Beräich vun der Gläichstellungspolitik tëscht Fraen a Männer ufänken ?

Guide fir unzefänken
De Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten

Tauscht Iech mat anere Gemengen aus a gitt Member vum Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten.

De Réseau
Gemenge-Präis

Mir belounen Är Efforten: De Gemenge-Präis fir di beschte Beispiller.

D'Laureaten

Gutt Administratioun a Berodung

D'Gemeng setzt sech an, fir dass d'Fraen an d'Männer d'Recht hunn, hir Ufroen mat Gläichheet, Onparteilechkeet a Gerechtegkeet gehandhabt ze kréien, an dëst an engem raisonnablen Delai.

Ausgangsfroen

  • Iwwert wat fir eng Mëttelen verfügt d'Gemeng fir intern a mat hirer lokaler Bevëlkerung ze kommunizéieren?
  • Wéi kann een dëss Mëttelen optimiséieren, sou dass de Biergerinnen a Bierger Servicer ugebuede kënne ginn, déi desem Zil méiglechst gerecht ginn?

Gutt Beispiller

Engagementer an der Ëffentlechkeet huelen, wat eng gutt Féierung vun der Gemeng ugeet, dëst duerch eng Deklaratioun vum Gemengerot mat prezisen Objektiver: Delaie fir d’Beäntwere vu Bréiwer vun de BiergerInnen, fir d’Waardezäit an de Guicheten a fir d’Vitess vun der Beaarbechtung vun Dossiere festleeën, eng verbal Kommunikatioun fräi vu Stereotyppen uwenden, am Kontakt mat de BiergerInnen héiflech, zevirkommend an disponibel optrieden.

Eng kritesch Analyse vun den offiziellen Dokumenter a Formulaire vun der Gemeng virhuelen, aus dem Bléckwénkel vun der Gläichstellung vu Fraen a Männer, souwéi vun deenen anere legalen Diskriminatiounsmotiver.

Publikatiounen a Formulaire vun der Gemeng an déi Sproochen iwwersetzen, déi esouwuel vun der lëtzebuergescher, wéi vun der auslännescher Bevëlkerung benotzt ginn.

Dem Personal Formatiounen an einfacher Sprooch offréieren an d’Kommunikatioun vun der Gemeng iwwerschaffen, fir datt se engem gréisstméiglechem Publikum zougänglech sinn. https://klaro.lu/index.php/fr/langage-facile

D’Strategie vum Europarot iwwert d’Innovatioun an d’gutt Féierung um lokale Plang ëmsetzen an déi 12 Prinzippie vun der demokratescher gudder Féierung um lokalen Niveau uwenden. https://www.coe.int/fr/web/good-governance/12-principles



Sidd Dir, als Gemeng, gewëllt méi gewuer ze ginn?

Da fëllt dese Formulaire aus a mir kommen, sou séier et méiglech ass, op Iech zréck.

Kontakt

All d'Ziler gesinn