Gender Analyse

Praktesche Guide fir unzefänken (Starter-Kit)

Wëllt Dir e Projet am Beräich vun der Gläichstellungspolitik tëscht Fraen a Männer ufänken ?

Guide fir unzefänken
De Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten

Tauscht Iech mat anere Gemengen aus a gitt Member vum Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten.

De Réseau
Gemenge-Präis

Mir belounen Är Efforten: De Gemenge-Präis fir di beschte Beispiller.

D'Laureaten

Gender Analyse

D'Gemeng ënnerwëft hir Politik, hir Prozeduren, hir Virgehensweis an hir Praktiken enger Gender Analyse, andeems se di Donnéen, déi hir zur Verfügung stinn op d'Geschlecht opdeelt an hiren Impakt op d'Liewe vun hiren Awunnerinnen an Awunner moosst, am Hibléck op deenen hiert Geschlecht.

Ausgangsfroen

  • Iwwert wat fir eng Donnéen zur lokaler Bevëlkerung verfügt d'Gemeng ? Sinn dëss Donnéen op d'Geschlecht opgeschlësselt?
  • Mat wat fir enge Mëttelen kann d'Gemeng fir Demarchen, Prozeduren a Praktiken optimiséieren, am Hibléck op den Gender-Aspekt?

Gutt Beispiller

D'Rapporten an d'Ofstëmmunge vum Gemengerot an aner Verwaltungsdokumenter systematesch ënnert der Perspektiv vun enger Formuléirung, déi béid Geschlechter unerkennt, ënnersichen.

Secherstellen, dass all berodend Gemenge-Kommissiounen d'Dimensioun vun der Gläichstellung tëscht Fraen a Männer mat an hir Projeten abauen.


Sidd Dir, als Gemeng, gewëllt méi gewuer ze ginn?

Da fëllt dese Formulaire aus a mir kommen, sou séier et méiglech ass, op Iech zréck.

Kontakt

All d'Ziler gesinn