Nationalen Aktiounsplang

Nationalen Aktiounsplang

Kennt Dir déi 99 spezifesch Aktiounen, déi de Ministère a sengem Aktiounsplang zur Promotioun vun der Gläichstellung an alle Liewensberäicher opgeholl huet?


Den Aktiounsplang fir d’Gläichstellung vun de Geschlechter ass d’Feuille de route vum Ministère mat geziilte Moossnamen an Aktiounen zur Promotioun vun der Gläichstellung, ënner Berécksiichtegung vun alle Prioritéiten, souwéi anere Gläichstellungsfroen. Fir Sputt fir méiglech periodesch Upassungen ze loossen, déi de gesellschaftlechen Entwécklunge Rechnung droen, gëtt den aktuellen Aktiounsplang am Dräijoeresrythmus evaluéiert, déi éischte Kéier am Joer 2022.

Ënner deene 7 Prioritéite vum Ministère, déi an 48 Engagementer an 99 konkret Aktiounen ënnerdeelt sinn, fannt Dir och d’Ziler fir d’Promotioun vun der Gläichstellung op lokalem Niveau.

Nationalen Aktiounsplang