Konventioun mam Ministère

Konventioun mam Ministère

Wëllt Dir Är Zesummenaarbecht mam Ministère demonstréieren an den Awunner vun Ärer Gemeng Ären Engagement fir d’Promotioun vun der Gläichstellung vu Fraen a Männer weisen?

No enger ufänglecher Pilotphas, bidd de Ministère ab 2022 all Gemeng fir hiert aktiivt Engagement fir d’Gläichstellung vu Fraen a Männer e Kooperatiounsaccord un.

Dës Gemenge kënnen esou vun der Hëllef, Berodung a vun der Entwécklung vu Mesure profitéieren, déi drop ausgeriicht sinn, eng gläichberechtegt Gemeinschaft op lokalem Niveau ze schafen.

Zesumme mat senge Partner an externe Beroderfirmen hëlleft de Ministère, hir aktuell Situatioun ze analyséieren a Prioritéiten ze identifizéieren, déi d‘Gläichstellung esouwuel um Niveau vun den Awunnerinnen an Awunner, wéi och um Niveau vum Gemengepersonal fërderen.

Dobäi stinn dann eng Rei einfach ëmzesetzend Mesuren an Aktiounen zur Auswiel, déi all Gemeng op all Niveau vum Engagement a Saache Gläichstellung tëscht Fraen a Männer hëllefe kënnen, d'Situatioun an deem Beräich nach ze verbesseren.

KONVENTIOUN MEGA Plus KONTAKT