Europäesch Charta

Europäesch Charta

Kennt Dir déi Europäesch Charta fir d’Gläichstellung vu Fraen a Männer am kommunale Liewen?

Dës Charta gouf 2006 vum Rot vun de Gemengen a Regiounen aus Europa (RGRE) an Zesummenaarbecht mat hiren nationale Verbänn ausgeschafft an ass eng Zesummestellung vun de verschiddene Visiounen zur Gläichstellung vu Fraen a Männer an Europa.

Si gouf 2023 revidéiert an erweidert op elo 39 Artikelen.

Tatsächlech lëscht dës Charta net nëmmen ausféierlech all Beräicher op, an deenen eng Gemeng duerch hir Decisiounen, Aktivitéiten oder Servicer, déi si hiren Awunner ubitt, an un deenen se direkt oder indirekt bedeelegt ass, op, mee si schléit och konkret Weeër vir, fir d’Gläichstellung vun de Geschlechter an alle kommunalen Beräicher ze erreechen.

Sou kann dës Charta Iech hëllefen, prioritär Interventiounsberäicher an Ärer Gläichstellungspolitik ze identifizéieren an dës an e lokale Gläichstellungsaktiounsplang ëmzesetzen.

Liest all nëtzlech Informatiounen iwwert d’Charta um Portail vum Ministère, souwéi ënnert dem Linken, deen Dir hei ënnendrënner fannt.

Europäesch Charta Lëscht vun de Signatairen

Wann Dir zousätzlech Informatiounen iwwert d'Charta wëllt kréien, oder der Charta bäitriede wëllt, went Iech wgl. un de SYVICOL ënnert info@syvicol.lu oder iwwert den Telefon (+352) 44 36 58 - 1.

SYVICOL

D’Gemeng ass wichteg bei der Promotioun vun der Gläichstellung op lokalem Niveau. De Ministère steet hir mat Rot an Dot zur Säit.
Taina BOFFERDINGMinistesch fir d'Gläichstellung tëscht Fraen a Männer